The club
News
Mullefest
Den Sonndeg, 24. Oktober invitéiert den BBC Avanti Mondorf all seng Spiller an Frënn op säin Mullefest. Lass geet um 11h00 am Centre Culturel Martialis zu Elléng mam Apero an dono Moules à gogo. Daat ganzt kascht 17€ an unmellen kann een sech bis spéitstens den 16.10.2010. All néideg Informatiounen sin op eiser Invitatioun präziséiert.
TBB Tréier - Telekom Baskets Bonn
E Samsdeg, den 30.Oktober 2010 organiséiert eise Veräin Bussen fir matt senge Jugendéquippen an hieren Elteren op Tréier den TBB géint Bonn kucken ze fueren.Den Départ ass um 15.00 a mir si géint 20.00 zréck.Dee Moment (20.30)spillt och eis éischt Härenéquipe zu Mondorf an der Hal géint Beetebueg, wou all Supporter häerzlech wëllkomm ass.
Wann dir intresséiert sidd, kennt dir iech umellen bis de 15.Oktober 2010.